WELLEFCHER (7-11 Joër) 
|
Mat Kanner aus dem Wëllefchersalter d´Liewen entdecken heescht Entdeckungsfreed, Kreativitéit a Fantasi an de Kanner waakreg maachen an entwéckelen.
Effektiv, Kanner am Alter vun 8 bis 11 Joër sinn immens virwëtzeg, wëlle gäre bäiléieren, entdecken, fuerschen......, och wann hautdësdaags verschidde gesellschaftlech Phenomener an Tendenzë probéieren, dëse Bediirfnësser vum Kand entgéint ze wiirken andeems se d´Erliefnëssfähegkeet versichen ze ënnerdrécken. Eis Aktivitéiten: - Versammlungen: Samstes 13.30 - 15.00 Auer am St. Jean um eischte Stack (ausser speziell Events - cf Kalenner)
- Weekend (Sortie): Eemol am Trimester vun Samstes op Sondes
- Camp: Eemol d'Joër (Meeschtens Ufank September)
|
Eis Methode / Notre méthode
Contact: Marina Meyer: 621394319, Julie Denotte: 661931319
ou grupp (at) belair.lgs.lu