AvEx

AVEX (11-14 Joër)

AvEx as d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat sin Jugendlecher , Meedecher an Jongen, tëschent 11 a 14 Joer. Am Verband vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten gin et zur Zäit 55 AvEx-Truppen verdeelt duerch d'ganz Land, mat 899 Jugendlechen an 249 Cheftainen a Chef. An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et ginn awer och nach eenzel Aventuren- a Explorertruppen.

AvEx treffen sech regelmeisseg, 1 mol an der Woch fier eng Versammlung ze maachen. AvEx maachen Expeditiounen dei iwwer mei Versammlungen daueren, ewei z.Bsp. mam Thema : Natur, Ritter, Fuesend,...
AvEx maachen och normalerweis all Trimester ee Weekend an engem Chalet, meechtens als Oofschloss vun enger Expeditioun. AvEx schleissen hiert Guiden- a Scoutsjoer mat engem groussen Camp, wou se dann an Zelter schlofen.

 

Eis Aktivitéiten:

  • Versammlungen: Samstes 14.00 - 16.00 Auer am St. Jean um eischte Stack (ausser speziell Events - cf Kalenner)
  • Weekend (Sortie): Eemol am Trimester vun Samstes op Sondes
  • Camp: Eemol d'Joër (Meeschtens Mett Juli)

 

Contact: Atten Nicolas: 621572888, Kinsch Julien: 691914468 oder grupp (at) belair.lgs.lu