Eise Grupp / Notre groupe

1939 sin um Belair zwou Gruppen entstaanen, ee fir Jongen (d’Scouten) an een fier d’Meedercher (d’Guiden).

No enger kuerzer Ennerbriechung während dem 2te Weltkriech, hun dës Gruppen weider fonktionnéiert ënnert den Nimm Prince Henri fir d’Scouten a Jeanne d’Arc fir d’Guiden. Hier haapt Versammlungsreim haaten d’Guiden bei de Franziskanerinnen (Gaston Diderich, Belair) an d’Scouten an der “Bud”, en Holzchalet bei der Belairer Schoul.
Déi zwee Gruppen hun respektiv den Lëtzebuerger Guiden an de Lëtzebuerger Scouten ungehéiert. Dës zwee Dachverbänn hun 1994 fusionnéiert an ët sin d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten entstaanen.

1999, um 60. Gebuertsdag vum Guiden a Scoutsmouvement um Belair, hun déi zwee lokal Gruppen ët hieren Verbänn nogemach an hun fusionnéiert fir de Grupp Jang de Blannen ze gin.
Am Joër 2008 huet den historeschen Home vun den belairer Scouten missen ofgerappt gin an Plaz fir Neies maachen. Desen Holzchalet wor 1947 bäi der lëtzebuerger Arméi ersteigert an um Belair rem opgeriicht gin. Ufank September 2008 huet de Grupp seng nei Reimlechkeeten am Institut St. Jean an der Avenue Gaston Diderich an Empfang geholl.

De Grupp huet am Joer 2014 Joer seng 75 Joer mat ville flotte Momenter gefeiert. Sëlleg Evènementer woren iwwert daat ganzt Joer verdeelt: Eng offiziell Réceptioun am Januar, e MiniGruppeCamp um Belair am Juni, d’Konstruktioun vun engem Won fir de Fakelzuch, d’Organisatioun vum nationale Kongress a Chefdaag um Belair. Ausserdem décoréiert eng Scoutskonstruktioun den Haff vum St Jean als Erënnerung.
Ee Resultat, vun eisem Jubiläums-Joer wat sech ka blécke loossen, ass dann eist flott Buch, wou 75 Joer Geschicht vun de Belairer Guiden a Scouten z’entdecke sinn. Sollt Dir nach keen Exemplair hunn, kënnt Dir nach gäeren eent bei eis bestellen.

D’Belairer Guiden a Scouten kënnen deemno houfreg op méi wéi 75 Joer Geschicht zeréckkucken, a sech fréen iwert déi selleche Generatiounen vu Belairer Meedercher a Jongen déi, fréier bei de Gruppen Jeanne d’Arc a Prince Henri, an elo beim Grupp Jang de Blannen eng flott Zäit erlieft hun, erliewen an erliewe wärten.

De Grupp Jang de Blannen vum Belair
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Grupp Jang de Blannen Belair
110, avenue Gaston Diderich
L-1420 Lëtzebuerg

grupp (at) belair.lgs.lu

CCP IBAN LU06 1111 0250 6034 0000


Joeresréckbléck vum Grupp